Hans Mommsen | |
---|---|
Gebuer |
5. November 1930 Marburg |
Gestuerwen |
5. November 2015 Tutzing |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun |
Eberhard Karls Universitéit Tübingen, Philipps-Universitéit Marburg, Universitéit vun Heidelberg |
Aktivitéit | Neizäithistoriker, Universitéitsprofesser, Historiker |
Partei | Sozialdemokratische Partei Deutschlands |
Member vun | Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften, Academia Europaea, British Academy |
Den Hans Mommsen, gebuer de 5. November 1930 zu Marburg a gestuerwen de 5. November 2015 zu Tutzing, war en däitschen Historiker. Hie war op d'Zäitgeschicht spezialiséiert, absënns op d'Geschicht vun Däitschland tëscht 1918 an 1945, deemno d'Weimarer Republik an d'Zäit vum Nationalsozialismus. Hien huet d'Fuerschung vum Drëtte Räich drop orientéiert, d'Fro vun der Verantwortung vu jidderengem Eenzelen ze stellen, a sech net just op den Hitler an d'Leit ronderëm hien ze konzentréieren, déi un allem Schold gewiescht wieren.
De Mommsen hat vun 1968 bis zu senger Emeritéierung 1996 op der Ruhr-Universität Bochum e Léierstull fir Neier Geschicht. Dobäi hat hie Gaaschtprofessuren a Fuerschungsopenthalter zu Princeton, Harvard, Berkeley, Jerusalem a Washington D.C. Vun 1977 bis 1985 war hien Direkter vum Institut zur Geschichte der Arbeiterbewegung, dat hie matgegrënnt hat.
Säin Zwillingsbrudder Wolfgang J. Mommsen war och en Historiker.